WTT Youth Contender Luxembourg 2024 mat 2 Spiller vum Dëschtennis ELL


12 April 2024

D'FLTT organiséiert dëst Joer hiren éischten internationale WTT Youth Contender.

Dëst vum 17. bis den 20. Abrëll.

Niewent 270 Spillerinnen a Spiller aus 35 Natiounen a 5 Kontinenter, ass den Dëschtennis ELL frou, dass mam Chris Colle a Mattis Goedert zwee vu senge Jugendspiller an der lëtzebuergescher Selektioun Erfarungen op dësem héischen internationalen Niveau sammele kënnen. Mir drécken hinnen d'Daumen, dass si hir beschtméiglechst Leeschtung ofrufen a positiv Andréck sammele kënnen. Si trieden an der Kategorie U13 an U15 un. Weider Infoe zum Contender fann dir am Link. 

Dass et sech em een Tournoi vun héijem Niveau handelt, wäisst de Fakt, dass souwuel Spiller aus de groussen Dëschtennisnatiounen aus Asien (China, Südkorea, Taiwan, Japan, Indien,...) wéi och déi dominéierend Natiounen aus Europa (Däitschland, Frankräich, Schweden, Portugal, ...) untrieden. 

wtt youth contender luxembourg.pdf