Jugendlandesmeeschterschaften 2024

15th June 2024

club logo

DT Ell

image
image
image
+3
image

 Haut hunn zu Bissen d'Landesmeeschterschaften an de Jugendkategorië stattfonnt. Mat 9 Spillerinnen a Spiller si mir ugetruede. Leider si ganz kuerzfristeg duerch Verletzungen d'Vicky an d'Laura ausgefall, mee um Enn vun engem laangen Dag sinn awer 4 Podiumsplatzéierungen erausgesprong. Am Double mixte bei de Benjamins hu sech de Mattis Goedert zesumme mam Michelle Buttini vum DT Méischdrëf de Landemeeschtertitel erspielt. Am Double Benjamins Jongen hunn de Chris Colle an de Mattis Goedert eng drëtt Platz erzielt. Am Eenzel ass d'Letizia Hoogenhout op eng gutt drëtt Platz komm. Bei de Benjamins Jongen ass de Mattis Goedert bis an d'Finale komm, huet awer do missen dem Noah Valente déi éischt Platz iwwerloossen. Zum Ofschloss vun der Saison waren dëst ganz zefriddestellend Resultater. Och déi aner Spiller a Spillerinnen déi den DT ELL vertrueden hunn, hu gutt Leeschtungen erbruecht an et huet nitt vill gefeelt, dass och nach deen een oder aneren an déi entscheedend Endphase hätt kéinten anzéien. Macht weider sou :-)